Aussergewéinlech zou Mettwoch 01 Mee & Freideg 23. Juni
Un all eis Frënn a Visiteuren : de Shop, d’Terrasse an de Visiteurszentrum sinn op !
Besicht eise Ciderhaff zu Bur fir méi iwwer d’Produktioun vum Cider an iwwer d’Äppel zu Lëtzebuerg gewuer ze ginn, fir eis Cideren an Jusën ze schmaachen an eis traditionell Bongerten mat méi wéi 100 Äppelzorten ze entdecken.
Ouvertureszäiten
Mettwochs- Sonndes
Vu 14:00 bis 18:00 Auer
01/05 & 09/05 & 23/06 ass den Cider-Haff zou
Zousätzlech Informatiounen zu de guidéierte Visitten
Samstes-Sonndes
Em 14:00h an em 16:00h Auer
Eng Umeldung ass noutwendeg, mat enger E-Mail un info@ramborn.com
Eng guidéiert Visitt dauert 90 Minutten a kascht 18€ pro Persoun wärend de regulären Ouvertureszäiten*. D’Visitt ëmfaasst e klengen Abléck an d’Geschicht, e kuerze Film, eng Besichtegung vum Keller an de Produktiounsanlagen mat den néidegen Erklärungen. Dës Visitt ass fir all Altersgruppen gëeegent. Um Schluss vun der Visitt kritt dir eng Rei alkoholesch an/oder net-alkoholesch Produkter ze schmaachen.
Privat Féierungen fir méi grouss Gruppen (méi wéi 6 Leit) sinn op Ufro och moies an owes méiglech ; schéckt wgl eng E-Mail op info@ramborn.com fir eng Offer ze kréien.
Zousätzlech Aktivitéiten um Ciderhaff an Ëmgéigend
→ Schmaache vu Ramborn-Produkter, 10 € pro Persoun, ass zu all Moment wärend den Ouvertureszäite méiglech
→ Dir kënnt op eege Fauscht eng Wanderung duerch d’Bongerte maachen, eng gratis Landkaart fannt dir an eisem Shop
Bezuele mat der Kaart hu mir am léifsten.
Muppe si wëllkomm.
*Fir Visitten ausserhalb vun den Ouvertureszäiten gëtt e Supplement gefrot. Fir zousätzlech Informatiounen a Reservéierungen schéckt eis wgl eng E-Mail op info@ramborn.com