Ramborn Truck Icon

I am of legal drinking age
in my country of residence

Iwwer eis

Ramborn ass den éischte Lëtzebuerger Cider-Produzent. Mir vergären nëmmen frësch gepresste Jus vun Äppel a Biren, déi ausschliisslech aus Bongerte mat Héichstamm-Beem kommen. Kee Konzentrat. Keng industriell Plantagen.

D’Produzéire vu Ramborn

D’Leit aus der Géigend hu mindestens zënter der Réimerzäit Jus vun traditionellen Äppel- a Birenzorten an der Ëmgéigend vergäre gelooss, mä am leschte Joerhonnert huet dës Traditioun ofgeholl a vill Uebst ass net méi genotzt ginn.

Als éischt Lëtzebuerger Cider-Firma relancéiert Ramborn d’Traditioun vun der Cider-Produktioun. Si hëllt dofir Uebst, dat soss géif am Hierscht an de Bongerte leie bleiwen, a bréngt esou neit Liewen an d’Bongerten uechter d’Land. De Moment schaffe mir mat iwwer 100 Baueren zesumme fir d’Bongerten ze erhalen, ze pflegen an nei unzeplanzen. Mir bezuelen hinnen en uerdentleche Präis fir hiert Uebst.

Déi traditionell Äppelzorten – dovunner si vill eenzegaarteg an der Géigend – wuessen a Bongerten nobäi. Dovunner ass jiddereen de Liewensraum fir eng grouss Unzuel vu Mikroflora, Champignonen, Mooser, Flechten an Insekten, déi Vulleschwäerm a Klengsäuger unzéien, awer och Dachse, Fiiss, Eilen an aner Raubvigel. Dës Bongerte sinn eng liewenswichteg Quell u Biodiversitéit; si sinn den europäesche Pendant vun de Reebëscher a musse geschützt ginn.

D’Iddi fir Lëtzebuerger Cider ze maache koum op, wou dräi al Frënn een huele waren. Si hunn de britesche Summer mat engem lokale Cider genoss an ugefaangen, Geschichte vun hiren Elteren a Grousselteren z’erzielen, déi mat Äppel aus der Géigend hiren eegene Cider gemaach hunn, dee bäi hinne “Viz” genannt gëtt. Esou koum et, datt se decidéiert hunn, hiren eegene Cider zu Lëtzebuerg mat dësen onbenotzten Äppel ze maachen.

AWARDS


Gold medal, International Cider Awards 2019 – Perry
Gold medal, International Cider Awards 2019 – Farmhouse Dry Cider
Gold medal, Cider World Frankfurt 2019 – Bourbon Barrel Aged Still Cider

Gold medal
, SISGA (Spain) 2017 – Perry


Silver medal, International Cider Awards 2019 – Cascade Hopped Cider
Silver medal, Cider World Frankfurt 2019 – Original Medium Dry Cider
Silver medal, Cider World Frankfurt 2019 – Perry
Silver medal, Cider World Frankfurt 2018 – Cascade Hopped Cider
Silver medal, International Cider Challenge 2018 – Perry, Original Medium Dry Cider, Erbachhofer Single Variety

Silver medal, Sagardo Forum 2019 – Perry, Luxembourgish Garden Quince, Meadow Orchard Ice Cider, Cascade Hopped Cider


Bronze medal, International Cider Awards 2019 – Original Medium Dry Cider
Bronze medal, International Cider Awards 2019 – Bourbon Barrel Aged Still Cider
Bronze medal, International Cider Challenge 2018 – Farmhouse Dry Cider, Cascade Hopped Cider
Bronze medal, International Cider Awards 2017 – Original Medium Dry Cider
Bronze medal, SISGA (Spain) 2017 – Original Medium Dry Cider


Jury Prize, Dutch International Cider Festival 2018 – Farmhouse Dry Cider, Cascade Hopped Cider
Public Favourite, Dutch International Cider Festival 2018 – Perry
Best international cider, RealCiderReviews.com 2016 – Original Medium Dry Cider
Highly Commended, Royal Three Counties International Cider and Perry Championship 2016 – Farmhouse Dry Cider