EIS OFFER
Zesummenaarbecht mat eise Partner, dréit zu engem dräifache Resultat bäi: Wäertschätzung vun de Leit, verantwortlechen Ëmgang mat eisem Planéit a finanziell Ofsécherung fir de Betrib: esou huet jiddereen eppes dovun.
D’LEIT
De Verkaf vun eisem Cider hëlleft alle Baueren, déi Äppel zu Lëtzebuerg an an der Regioun uplanzen, en hëlleft all deenen, déi mat eis schaffe fir Beem ze planzen an Ekosystemer ze revitaliséieren, an de Communautéiten, an deenen se liewen, ze gedeien. Mir kafen eis Uebst net nëmmen op de Bauerenhäff mat ville Beem, mee och bei Privatleit mat e puer Beem. Dës Approche ass méi zäitopwänneg, mee si gëtt de Gemeinschaften méi grouss wirtschaftlech Méiglechkeeten,sech ze entwéckelen. Doriwwer eraus dréit e gesonde Bongert zur Schafung an zum Erhale vun eiser Landschaft bäi, e Stéck Lëtzebuerger Kulturidentitéit déi jidderengem zegutt kënnt.
EISE PLANÉIT
Well mir um Rand vun enger menschegemaachter Katastroph stinn, vill Liewewiesen vum Ausstierwe bedreet sinn, dréit eist Uplanze vu Beem zu enger dringend néideger Biodiversitéit an eiser Regioun bäi: an all Bam liewen eng 1000 verschidden Aarte Liewewiesen. Eis Aktivitéit hëlleft och d‘Natur ze stäerken an dreet zum Schutz vun der Atmosphär, eisem Waasser an dem Buedem bäi. Eis Produktiounsmethode baséieren op de Prinzipien vun der Kreeslafwirtschaft, si brauche bedeitend manner Energie, wéineg Bewässerung an och guer keng Pestiziden an Dünger. Den Erfolleg vun eisem Betrib ass eng Win-Win-Win-Situatioun fir de Planéit, d’Leit an d’Betriber.
BETRIBSERFOLLEG
Eise Cider ass d’Gold vu Lëtzebuerg. Mir hunn e Produkt, dat vill international Präisser krut, dat vun den Amateure vum Cider an der ganzer Welt geschätzt gëtt a zu engem faire Präis ze kréien ass. D’Firma soll heivu profitéieren andeem den Investment rentabel ass an doduerch fir e séchert Ëmfeld fir d’Mataarbechter suergt.