Ramborn Truck Icon

I am of legal drinking age
in my country of residence

Visite

Kommt eise Cider-Haff zu Bur besichen – hei gesitt Dir wou mir all eist Uebst kelteren, eise feine Cider a Perry vergären a räife loossen an da mëschen. Informéiert Iech iwwert eis Offer fir d’Visiten, fir d’Degustatiounen a méi …   Shop as  op :  Mettwochs - Sonndes 14:00-18:00h

Aussergewéinlech zou  Mettwoch 01 Mee & Freideg 23. Juni


Un all eis Frënn a Visiteuren : de Shop, d’Terrasse an de Visiteurszentrum sinn op !

Besicht eise Ciderhaff zu Bur fir méi iwwer d’Produktioun vum Cider an iwwer d’Äppel zu Lëtzebuerg gewuer ze ginn, fir eis Cideren an Jusën ze schmaachen an eis traditionell Bongerten mat méi wéi 100 Äppelzorten ze entdecken.



Ouvertureszäiten 

Mettwochs- Sonndes

Vu 14:00 bis 18:00 Auer


 


 


 


Zousätzlech Informatiounen zu de guidéierte Visitten

Samstes-Sonndes

Em 14:00h an em 16:00h Auer

Eng Umeldung ass noutwendeg, mat enger E-Mail un info@ramborn.com

Eng guidéiert Visitt dauert 90 Minutten a kascht 18€ pro Persoun wärend de regulären Ouvertureszäiten*. D’Visitt ëmfaasst e klengen Abléck an d’Geschicht, e kuerze Film, eng Besichtegung vum Keller an de Produktiounsanlagen mat den néidegen Erklärungen. Dës Visitt ass fir all Altersgruppen gëeegent. Um Schluss vun der Visitt kritt dir eng Rei alkoholesch an/oder net-alkoholesch Produkter ze schmaachen.

Privat Féierungen fir méi grouss Gruppen (méi wéi 6 Leit) sinn op Ufro och moies an owes méiglech ; schéckt wgl eng E-Mail op info@ramborn.com fir eng Offer ze kréien.


Zousätzlech Aktivitéiten um Ciderhaff an Ëmgéigend

→ Schmaache vu Ramborn-Produkter, 10 € pro Persoun, ass zu all Moment wärend den Ouvertureszäite méiglech

→ Dir kënnt op eege Fauscht eng Wanderung duerch d’Bongerte maachen, eng gratis Landkaart fannt dir an eisem Shop


Bezuele mat der Kaart hu mir am léifsten.

Muppe si wëllkomm.


 



*Fir Visitten ausserhalb vun den Ouvertureszäiten gëtt e Supplement gefrot. Fir zousätzlech Informatiounen a Reservéierungen schéckt eis wgl eng E-Mail op info@ramborn.com